Gesetzesprojet

De Projet vum Budgetsgesetz besteet aus 2 Deeler:

  • Volume 1: De Projet vum Gesetz entsprécht den Dispositioune vum Comptabilitéitsgesetz. Am éischten Deel stinn am Prinzip den Text vum Gesetzesprojet an d'Tabellë vun de Recetten an Depensen. Och ginn hei déi finanziell a budgetär Situatioun an déi jeeweileg Artikele vum Budgetsgesetz duergestallt.

  • Volume 2: An dësem Deel ass engersäits de Budget pluriannuel beschriwwen an anerersäits de Passage vum administrative Solde vum Budget zum Solde laut dem SEC 2010 ("système européen des comptes"). Ënnert anerem ginn och d'Previsioune vun de Staatsfinanze wéi och d'Evolutioun vun der Staatsschold dokumentéiert. D'Annexen enthalen déi finanziell Situatioun vun de speziale Fongen an de staatlechen Servicer mat getrennter Gestioun (SEGS).

Aktualiséiert