Europäescht Semester

Dat europäescht Semester ass e Koordinatiounszyklus vun deene verschiddene Wirtschafts- a Budgetspolitike vun den EU-Memberstaaten.
Dësen Zyklus geet iwwert déi éischt 6 Méint vum lafende Joer, an deem d’Budgetspolitik (Stabilitéitsprogramm) esou wéi d’Strukturpolitik (nationale Reformplang) vun den nationalen Autoritéite virbereet ginn, an dann op europäeschem Niveau (vun der Europäescher Kommissioun a vun dem Eurogrupp/Ecofin-Conseil) gepréift ginn.
D’EU-Staaten musse bis Enn Abrëll hiren nationale Stabilitéitsprogramm erareechen, fir datt den Ecofin-Conseil seng Recommandatioune bis spéitstens Juni/Juli kann ofginn. Esou hunn d’Staaten genuch Zäit, fir des Recommandatioune an d‘Elaboratioun vum nationale Budgetsgesetz afléissen ze loossen.
Déi eenzel Memberstaaten mussen hire Gesetzesprojet vum Budget fir dat Joer drop bis spéitstens de 15. Oktober un d’Kommissioun weiderginn.

 

Aktualiséiert