D' IGF

D'Finanzinspektioun (IGF) ass duerch d'Gesetz vum 10.Mäerz 1969 gegrënnt ginn. D'Inspektioun ënnersteet dem Budgetsminister, a schafft ënner der Responsabilitéit vum Direkter vun der Inspektioun.
D'Aufgabe vun der Finanzinspektioun bestinn haaptsächlech dodran, den Avant-Projet vum Gesetz iwwert de Staatsbudget virzebereeden, Avisen iwwert Projeten a Propositiounen ze schreiwen, déi kënnen Auswierkungen op d'Staatsfinanzen hunn, an d'Iwwerpréiwung vun alle Froen, déi d'Regierung respektiv e Member vun der Regierung fir relevant hält.
D'IGF ass och autoriséiert, fir Propositioune fir d'Koordinatioun fir Programmatiounsprojete vun Investissementer ze maachen, déi vum Regierungsrot festgehale goufen, esou wéi fir d'Ausféierung vun de Programmer, déi festgehale goufen, ze kontrolléieren.
Doriwwer eraus ass d'Finanzinspektioun berechtegt, Proposen ze maachen déi Aspuerunge kenne mat sech bréngen, déi d'Organisatioun vun de Staatsservicer verbesseren an deenen hiert effizient Fonctionnement garantéieren.

 

Aktualiséiert