Stabilitéits - a Wuesstumspakt

De Stabilitéits- a Wuesstumspakt ass am Joer 1997 am Europäesche Rot zu Amsterdam adoptéiert an am Joer 2005, ënnert lëtzebuergescher Presidence, reforméiert ginn. De Pakt ass e politescht Instrument vun der EU fir exzessiv Defiziter ze verhënneren, fir d’Stabilitéit vun der gemeinsamer Währung ze sécheren a fir wirtschaftlech Stabilitéit a Wuesstum ze fërderen.

 

Korrektive Volet:

De Stabilitéits - a Wuesstumspakt gesäit vir datt:

- den Defizit bei maximal 3% vum PIB leien dierf an

- d’Staatsschold bei maximal 60% vum PIB leien dierf.

Dorop mussen d’Memberstaaten oppassen. De But vum korrektive Volet ass et, séier géint exzessiv Defiziter kënne virzegoen.


Präventive Volet:

All Memberstaat ass censéiert, all Joer en aktualiséierte Stabilitéitsprogramm ze presentéieren, deen de mëttelfristege But vum Budgetssolde, d’Linn fir dëse But z’erreechen, an eng Projektioun op 4 Joer enthält.
De Stabilitéitsprogramm gëtt e mëttelfristege But vum strukturelle Budgetssolde vir, an d‘Linn fir dëse But z’erreechen. Wäicht de Budgetssolde am Joer däitlech vum mëttelfristege But bzw. vun der Linn of, dann ass e Virwarnungsmechanismus virgesinn, deen exzessiv Defiziter verhënnere soll.

 

 

Aktualiséiert