Stabilitéits- a Wuesstumsprogramm

Den nationale Stabilitéits- a Wuesstumsprogramm gëtt all Joer am Abrëll vun all EU-Memberstaat un d’Europäesch Kommissioun geschéckt. Dëst Dokument, wat all Joer aktualiséiert muss ginn, mécht eng Projektioun op dat lafend Joer an op déi dräi Joer dono. De Stabilitéitsprogramm gëtt e mëttelfristege But vum strukturelle Budgetssolde vir, an d’Linn fir dëse But z‘erreechen. Wäicht de jäerleche Budgetssolde däitlech vum mëttelfristege But bzw. vun der Linn of, dann ass e Virwarnungsmechanismus (Recommandatioune vum Europäesche Rot) virgesinn, deen exzessiv Defiziter verhënnere soll. Ënnert anerem stinn am Programm och macro-economësch Hypotheesen zum Wuesstum, zur Inflatioun an zum Aarbechtsmarché. D’Programmer gi vun der Europäescher Kommissioun a vum Wirtschafts- a Finanzrot ausgewäert. Opgrond vun de Propositioune vun der Europäescher Kommissioun an no der Berodung mam Wirtschafts- a Finanzrot, formuléiert den Europäesche Rot Recommandatiounen zu deene verschiddene Programmer.

Aktualiséiert