Budget

Comptabilitéitsgesetz (LC) = Gesetz vum 8. Juni 1999 (a senger geännerter Form), iwwert de Budget, d'Comptabilitéit an d'Tresorerie vum Staat

D'Definitioun vum Budget staamt aus der Verfassung, Artikel 104, "All Joer hält d"Chamber d'Staatskonten duerch e Gesetz fest a stëmmt de Budget. All Recetten an Depensë vum Staat mussen an de Budget an an d'Konten agedroe ginn."

D'Comptabilitéitsgesetz liwwert zousätzlech Präzisiounen zum Contenu vum Budget :

LC- Art. 2. "De Budget ass dat jäerlecht Gesetz dat all d'Recetten an d'Depensë autoriséiert a virgesäit, déi vum Staat an deem Joer gemaach ginn, fir dat et gestëmmt gouf."

 

Aktualiséiert