Missiounen


Comptabilitéitsgesetz (LC) = Gesetz vum 8. Juni 1999 (a senger geännerter Form), iwwert de Budget, d'Comptabilitéit an d'Tresorerie vum Staat
Gesetz vun der IGF = Gesetz vum 10. Mäerz 1969 iwwert d'Grënnung vun der Finanzinspektioun

 

No den Dispositioune vum Gesetz vum 10. Mäerz 1969 iwwert d'Grënnung vun der Finanzinspektioun, bestinn d'Aufgabe vun der Inspektioun an:

  • der Virbereedung vum Avant-Projet vum Gesetz iwwert de Budget no de Richtlinne vum Budgetsminister an op Basis vu Budgetspropositioune vun de verschiddenen Ministèren (LC-Art.84)
  • Avisen ze ginn iwwert Projeten a Propositiounen, deenen hier Ëmsetzung Auswierkungen op de Budget kënnen hunn (LC-Art.84)
  • dem Suivi vun der Ausféierung vum Budget, de Projeten an de Propositiounen (loi IGF-Art.2)
  • der Kontroll vun den Depensen an den Recetten vum Staat (loi IGF-Art.2)
  • Avisen iwwert Depassementer vun net limitéierte Kreditter (loi IGF-Art.2)
  • der Virbereedung vu finanziellen a budgetäre Projeten an Zesummenaarbecht matt Wirtschafts- a Sozialprogrammer (LC-Art.85)
  • Propositioune fir d'Koordinatioun fir Programmatiounsprojete vun Investissementer, déi vum Regierungsrot festgehale goufen esou wéi d’Kontroll vun der Ausféierung vun dëse Programmer (loi IGF-Art.3)
  • der Iwwerpréiwung vun alle Froen, déi d'Regierung respektiv e Member vun der Regierung der Finanzinspektioun stellt (loi IGF-Art.4)
  • der Redactioun vu Proposen, déi Aspuerunge kenne mat sech bréngen, déi d'Organisatioun vun de Staatsservicer verbesseren an deenen hiert effizient Fonctionnement garantéieren (loi IGF-Art.5)

Aktualiséiert